29 September 2025
Soirée sociétale – 24.09.2025

Toutes les actualités
🤝 Mir sinn houfreg, d’Initiativen ze presentéieren, déi eist nohaltegt a verantwortungsvollt Engagement fir d’Gesellschaft an d’Ëmwelt reflektéieren.
𝗛𝘂𝗺𝗮𝗻𝗶𝘁𝗮̈𝗿 𝗛𝗲̈𝗹𝗹𝗲𝗳 :
🏨 Spend vu medezineschem Material: Mir sammelen d’ganzt Joer iwwer medezinescht Material fir d’Hôpital Sans Frontière – Ziekenhuis Zonder Grenzen , fir Bevëlkerungen an Nout z’ënnerstëtzen.
💶 Chèque vu 500 € un Médecins Sans Frontières / MSF Luxembourg: Dank der Ekipp aus dem OP di gebrauchtent Material nohalteg entsuergt
hunn, fir d’Aarbecht vun Dokteren ouni Grenzen (MSF) z’ënnerstëtzen.
💶 En Don vu 2000 € un den Télévie war méiglech duerch de Verkaf vun engem muskléierten Kalenner den e puer sportlech Kolleegen an Aktioun gewisen huet. 💪🤩
𝗨𝗻𝗲𝗿𝗸𝗲𝗻𝗻𝘂𝗻𝗴 𝗮 𝗩𝗲𝗿𝗮𝗻𝘁𝘄𝗼𝗿𝘁𝘂𝗻𝗴:
🏅 Mir freeën eis, datt mir vum Institut pour le développement durable et la responsabilité sociétale des entreprises mam Label vum Programme National ESR – Enterprise Responsable ausgezeechent goufen. Dës wichteg Unerkennung bestätegt eist soziaalt Engagement an eise Wonsch, verantwortungsvoll ze handelen.
“𝗹’𝗔𝗿𝘁 𝗲𝘁 𝗹𝗮 𝗡𝗮𝘁𝘂𝗿𝗲”: 𝗲𝗻𝗴 𝗻𝗲𝗶 𝗘̈𝗺𝘄𝗲𝗹𝘁 𝗳𝗶𝗿 𝗲𝗶𝘀 𝗣𝗮𝘁𝗶𝗲𝗻𝘁𝗲𝗻:
🌳 Eist Spidol presentéiert säin neit Faarfkonzept mam Thema “Konscht an Natur”. Inspiréiert vun de Landschafte vum Norde vu Lëtzebuerg gouf d’Spidol a natierlechen a berouegenden Téin nei ugestrach, eng verantwortungsvoll Renovatioun, déi ënnert der Leedung vum Service de coordination des constructions an dem Service technique an Zesummenaarbecht mat Robin – Créateur de Couleurs duerchgefouert gouf.
Konscht am Déngscht vu Patienten:
📸 D’Gewënner vum thematesche Fotosconcours goufen ugekënnegt. Ausgewielte Fotoe wäerte geschwënn d’Spidolszemmere dekoréieren an eng waarm Atmosphär schafen.
🖼️ De bekannte lëtzebuerger Kënschtler Jean-Marie Biwer huet en neien Tableau gemoolt den sech perfekt an eist neit Farfkonzept integréiert an d’Trapenahus zu Ettelbréck verschéinert.
👏 E grousse Merci un all déi Léit, déi zur Realisatioun vun dëse Projete bäigedroen hunn. Är Ënnerstëtzung ass essentiel!
Demander un rendez-vous