3 August 2026
Self-Checkin am CHdN Ettelbréck

Toutes les actualités

Den neie Patientenopruff-System a Self-Checkin kënnt!

Am August kreien d‘Admissiouns-Kabinnen zu Ettelbréck e neie Patientenopruff-System

Wat sech ännert?

  • En neien Ticket-Terminal: Auswiel vun der Sprooch a vum Grond vun der Visite, Drock vum Ticket a Weiderleedung an de Waardeberäich.
  • Eng nei Opruff-Applikatioun fir d‘Personal an de Kabinnen: Waardelëschten no Grond a Sprooch, mat méiglecher Prioriséierung.
  • En Ecran am Waardesall, dee live weist, wéi eng Ticket-Nummer a wéi eng Kabinn geruff gëtt.

Firwat dëse Changement? De Schauf-System, deen zënter 2003 am Gebrauch ass, ass um Enn vu senger Liewensdauer an huet reegelméisseg technesch Probleemer.

A wéi geet et weider? Dës Phase bereet den Terrain fir d‘Phase 3 vir: e komplette Self Check-In, mat automatescher Identifikatioun iwwer d‘Identitéitskaart oder Pass, geplangt fir den Hierscht 2026.

Demander un rendez-vous