19 August 2026
Nei Borne & neien Opruffsystem
Nei Borne & neien Opruffsystem am Hall vum CHdN – Site Ettelbruck!
Säit gëschter, sinn eis nei Borne d’Admission an eise neien Patienten-Opruffsystem a Betrieb!
Dëst ass eng Etapp vun engem méistufege Projet fir eise Patiente-Parcours ze moderniséieren.
D’nächst Etapp, méi Bornen op all de Siten vum CHdN an e komplette Self Check-In, ass an der préparatioun.
Un der Borne kënnt Dir:
- Är Sprooch auswielen (Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch, Englesch)
- De Grond vun Ärer Visite auswielen (Urgence, Rendez-vous, Hospitalisation, …)
- Ären Ticket ausdrécken an Iech an d’Waardezone leede loossen
Beim Opruff:
D’Personal an de Kabinne gesäit scho virum Opruff Informatiounen wéi de Grond vun der Visite an d’Sprooch vum Patient.
Orientatioun:
- Écranen an der Waardezone weisen Iech permanent, wéi eng Kabinn ärem Ticket zougewisen gouf
- Pfeiler ënnerstëtzen bei der Orientatioun a weisen d’Richtung
Fir méi Informatiounen oder Ënnerstëtzung kënnt Dir Iech gären un eist Accueil-Personal wenden.
E weideren Schrëtt an der Digitaliséierung vum CHdN, fir Iech nach besser ze empfänken!