9 October 2025
Inauguration extension des urgences à Ettelbruck – 9.10.2025

Toutes les actualités

Haut huet d’Gesondheetsministesch Martine Deprez am CHdN zu Ettelbréck den Ausbau vum Gebai fir d’Urgence an déi nei Ambulanzgarage ageweit.

Dës erweidert a moderniséiert Infrastruktur bitt, nieft verbesserter Sécherheet a modernster medezinescher Technologie (inklusiv multifunktionell Noutfallunitéiten, Schockraum an dediéierte Scanner fir d’Urgencë), en optimiséierte Patienteparcours un. D’Gebailechkeete sinn no engem ëmfaassende Pandemiemanagementplang gebaut an domat e Sprong no vir fir d’Noutfallmedizinesch Versuergung am Norde.

D’Gesondheetsministesch huet ënnerstrach, dass mat dëser moderner Ariichtung de Patient am Mëttelpunkt  vun eisem Gesondheetssystem steet.

   

 

Demander un rendez-vous