29 October 2025
Journée AVC am CHdN
		
				Den 28.10. war fir d’Journée vum AVC d’Ekipp vu Blëtz asbl erëm am CHdN zu Ettelbréck. E grousse Merci u si fir déi wichteg Aarbecht, déi si am Kader vu Preventioun a Sensibiliséirung maachen.
Zesumme mat eise Kolleegen hu si iwwer d’Preventioun vum Hiereschlag informéiert. D’Infirmière aus der Neurologie an d’Neurologen hu bei den ageschriwwene Visiteuren en Ultraschall vun der Karotide gemaach.
Léiert och dir d’Unzeechen ze erkennen, séier ze réagéieren a liewensverännernd Gewunnechten unzehuelen.