19 August 2026
De CHdN huet eng nei Salle d’accompagnement
Mir sinn houfreg matzedeelen, dass de CHdN elo eng nei Chambre d’accompagnement um 5. Stack am Service vun der Onkologie huet – e rouegt, respektvollt an intiimt Ëmfeld, dat Familljen erlaabt, mat hire Léifsten zesummen ze sinn an, an engem geschützte Kader Äddi ze soen.
Dëse Raum konnt nëmme realiséiert ginn duerch d’Finanzement vu generéisen Donen an d’Ënnerstëtzung vu verschiddene Partnerfirmen, déi eis Missioun mat vill Engagement begleeden.
Et sinn d’Partnerfirmen:
E grousse 𝗠𝗲𝗿𝗰𝗶 un all déi, déi dëse wichtege Projet ënnerstëtzt a méiglech gemaach hunn. Et ass e staarkt Zeeche vu Solidaritéit an Empathie.